Méindes – Fréides 08.00 – 17.00
info@renovation.lu 288 308
Couloir menant à un escalier

Renovatiounen NEUHAEUSGEN - CLE EN MAIN

Eise Projet vun enger kompletter Renovatioun Clé en main um Neuhaeusgen weist, wéi eng Méiglechkeete mir hunn, fir en aalt Haus an en modernen an funktionelle Liewensraum ze transforméieren.

Mir hunn ugefaang mat dem Leeën vun engem neie Parquet a Plättercher, déi de Raim en neit Ausgesinn solle ginn. D'Installatioun vun enger neier Trap huet zousätzlech dozou bäigedroen, fir d‘Funktionalitéit an d'Mobilitéit tëscht de verschiddenen Ebene vum Haus z‘erliichteren.

Eis Equipe huet dru geschafft fir d‘Sécherheet an d‘Zouverlässegkeet vun der Elektrozoufouer an dem ganzen Haus z‘assuréieren. Duerfir hu mir d'Heizungs- an Sanitäranlag ersat fir eise Clienten modern an energieeffizient Systemer unzebidden.

Duerch eise Service Clé en main begleede mir eis Clienten wärend dem ganze Projet, vum Plangen bis zur Realisatioun, an dat mat Hëllef vun eise verschiddene Corps de métier. Op dës Manéier kënnen eis Clienten, wat d’Qualitéit, de Confort an d’Sécherheet ugeet, an engem komplett renovéierten Haus wunnen.