MIR GESINN DE MENSCH HANNER DEM PROJET !
Mir sti mat Empathie, Professionalitéit an Transparenz un Ärer Säit, fir aus schéinen Iddie schéin Erënnerungen ze maachen.
Fir Eech maache mir dat Onméiglecht méiglech, dat Méiglecht einfach an dat Einfacht elegant.
MEMBER VUM GROUPE RENOVATION
De Grupp Renovation.lu ass spezialiséiert am Bausecteur an an der Renovatioun zu Lëtzebuerg. Mir offréieren eng komplett Gamm : vun der Planung iwwert d'Realisatioun bis hin zum Verkaf oder der Lokatioun.
Renovation.lu ass eng lëtzebuergesch Firma, déi sech an der Renovatioun an an dem Neibau clé en main spezialiséiert huet, vum Plangen bis zur Ëmsetzung.
Zanter 2004 begleeden mir den Client vum Ufank bis zur Realisatioun vu méi klengen wéi och vu méi grousse Projeten.
Plangen.lu hëlleft dem Client op verschidde Manéieren beim Plangen vun sengem Renovatiouns- oder Neibauprojet: mat Pläng, Visualiséierungen an 3D-Animatiounen, technesche Pläng, Miessungen an Zeechnungen vu bestehenden Gebaier an Bannenariichtungen.
Plangen.luEcoHouse, Äre Vertrauenspartner fir de Bau vun Haiser clé en main, Ubauten, Dachausbauten, souwuel tradionell wéi och am Holz. Zesumme mat eisem Partner "Charpente Therres" engagéiere mir eis fir d'Kreatioun vu nohaltegen, ökologeschen an op Mooss ausgeschaffte Liewensraim, déi Äre Wënsch entspriechen.
NewHarbor, Äre Partner am Immobilienberäich zu Lëtzebuerg. Als Member vun der Grupp Renovatioun engagéieren mir eis och hei, eis Clienten vun der éischter bis zur leschter Etapp beim Beroden an dem Akaf ze begleeden.