Méindes – Fréides 08.00 – 17.00
info@renovation.lu 288 308

Buedzëmmer, Haus DAHL - MAISON

Dës Verännerung ëmfaasst d'Vergréisserung vum Haus duerch een Ubau mat flachem Daach, deen en hellen an oppene Raum bitt.

An enker Zesummenaarbecht mat engem Architekt hu mir e neie Banneraum realiséiert.

Mir hunn och weider nei Raim entworf, wéi d'Kichen, d'Buedzëmmer, den Dressing an d'Garage. Dobäi hu mer drop opgepasst, dat all Detail sorgfälteg geplangt gouf fir op déi spezifesch Bedürfnisser vun eise Clienten anzegoen.

Am Kader vun dëser Verännerung hu mir eng komplett energetesch Renovatioun duerchgefouert fir den Energieverbrauch ze reduzéieren an déi global Energieffizienz ze verbesseren.

Vun der verbesserter Isolatioun bis zur Installatioun vu effizienten Heizungs- an Ventilatiounssystemer gouf all Aspekt vun der Renovatioun geplangt fir e komfortabelen a nohaltege Liewensraum ze schafen.